Offiziellen Optakt zu Duelem vum LEADER Projet "ARmob - Antike Realität mobil erleben"

20/09/2018

Dräi LEADER-Regiounen aus Lëtzebuerg (Lëtzebuerg West, Miselerland a Regioun Mëllerdall) a sechs aus Rheinland-Pfalz (Bitburg-Prüm, Erbeskopf, Hunsrück,  Mosel, Moselfranken, Vulkaneifel) hu sech fir de grenziwwergräifende Projet „ARmob“ zesummegedoen a wëllen iwwer 100 historesch Bauwierker, vun der Jongsteenzäit iwwert d’Kelten- an d’Réimerzäit bis an d’Mëttelalter, virtuell nees opbauen.
Unhand vun enger App sollen Eenheemescher an Touristen detailléiert Rekonstruktiounen um Originalstanduert kënnen erliewen.
De Projet mat 1,42 Mio € gëtt vun der Uni Tréier gedroen a soll bis Enn 2019 ofgeschloss sinn.
A Präsenz vum rheinland-pfälzesche Landwirtschaftsstaatsekretär Andy Becht an dem lëtzebuergesche Kulturstaatssekretär Guy Arendt, huet de Fernand Etgen als zoustännege Minister fir d’Entwécklung vum ländleche Raum den Initiateuren an den Ënnerstëtzer zu dësem flotte Projet gratuléiert.

Aktuelles