Regionale LEADER-Dag 2018 zu Miersch

24/09/2018

Den 22. September huet d’Gemeng Miersch op dësen Dag agelueden an e flotte Programm zesummegestallt fir de Partner hir Gemeng virzestellen.
Start war am Mierscher Kulturhaus, wou Directrice Karin Kremer d’Invitéeën hannert Kulisse vum Kulturhaus gefouert huet.
De Buergermeeschter Michel Malherbe huet am Rittersall vum Mierscher Schlass en Iwwerbléck iwwert d’Gemeng Miersch an hier Projete ginn.
Am Uschloss huet de Guy Pauly, President vun de Mierscher Geschichtsfrënn de Grupp duerch d’Gemeng gefouert an Erklärungen zu den historesche Sitten an de LEADER-Projete ginn. Sou konnten d’Partner an engem entspaante Kader d’Gemeng Miersch kenneléieren a géigesäiteg Projetsiddien austauschen.
Ofgeschloss gouf am Restaurant A Guddesch mat engem regionale Mëttegiessen.

 

Aktuelles