Materialiwwergab vum Projet HistoSchool Helperknapp

25/07/2022

Am Kader vum regionale LEADER Projet HistoSchool, war de 6. Juli d‘Materialiwwergab an der Schoul zu Brouch a Presenz vum Buergermeeschter Frank Conrad an de Schäffe Jean-Claude Bisenius a Joske Vosman esou wéi dem Léierpersonal.

D’Presidentin vu LEADER Lëtzebuerg West, d’Christiane Eicher-Karier huet d’Plus-valuë vu LEADER op d’ganz Regioun genannt an Explikatiounen zum Projet HistoSchool ginn. De Westen hätt eng spannend Geschicht a vill Jonker an och Erwuessener wéisste leider näischt vun där Vergaangenheet. Seng eegen Heemecht ze kenne wär d’Viraussetzung fir eng gutt Integratioun. De Projet HistoSchool géif d’Erënnerung un déi al Geschicht mat hire Sitten an Traditiounen oprecht erhalen.

D’Projetsgestionnärin Céline Lanners ass op déi eenzel Aktivitéiten agaangen, déi am Kader vum Projet an Aarbechtsgruppen ausgeschafft gi si fir de Schüler a Schülerinnen d’Geschicht vun hirer Gemeng an hirer Regioun spilleresch méi no ze bréngen.

Sämtlech Dossiere kënnen um Site www.letzebuergwest.lu/histoschool gratis erofluede ginn:

De Schoulpresident Laurent Kohl huet sech fir déi onkomplizéiert Zesummenaarbecht mam LEADER-Büro bedankt an huet dat wäertvollt Material begréisst, wat den Enseignant direkt kann am Unterrecht asetzen.

Fotoen © Jos Bill, Gemeng Helperknapp