Aktuelles

  • Offiziell Aweiung vum regionale LEADER Projet HistoSchool17/11/2021

    A Presenz vum Claude Meisch, Minister fir Bildung, Kanner a Jugend war de 14. Oktober déi offiziell Aweiung vum Projet am Centre culturel Al Schmelz zu Stengefort.
    No der Usprooch vum Buergermeeschter Guy Pettinger an der LEADER Lëtzebuerg West Presidentin Christiane Eicher-Karier, huet de Claude Mangen, Vize-President vu LEADER Lëtzebuerg West d'Invitéeën duerch d'Ausstellung guidéiert.

  • Regionale LEADER Dag 2021 an der Gemeng Käerch 18/10/2021

    De 24.9 huet zu Käerch de regionale LEADER Dag stattfonnt.

    D'Gemeng Käerch hat e flotte Programm zesummegestallt fir de Partner aus der Regioun e puer Highlights aus der Gemeng ze weisen:

    - neit Gemengenhaus
    - Ecoparc um Wandhaff
    - Gréiweschlass

    Den Dag ass mat engem regionalen Iessen ofgeschloss ginn!

  • Studierees an d'Belsch vum 28. - 29. September 01/10/2021

    Am Kader vum transnationale Projet "D'une villa à l'autre au pays des Trévires" mat eise belsche Noperen, si verschidde Sitte besicht gi mam Zil fir sech un hire virtuelle Visitten déi do ugebuede ginn ze inspiréieren:
    Espace gallo-romain d'Ath
    Mons Memorial Museum
    Silex's

  • Offiziell Aweiung vum regionale LEADER Projet HistoSchool30/09/2021

    De LEADER Lëtzebuerg West invitéiert op d'Aweiung vum Projet HistoSchool
    Donneschdes, de 14. Oktober 2021
    um 17:00 Auer an der Aler Schmelz zu Stengefort.
    D'Ausstellung ass op fir de Public vu 14:00 bis 18:00 Auer
    Covid-Check Event (Schnelltester sur place)
    Programm:
    Virwuert, M. Guy Pettinger - Buergermeeschter vun der Gemeng Stengefort
    Usprooch, Mme Christiane Eicher-Karier - Presidentin LEADER Lëtzebuerg West
    Moderéiert Visitt vun der Ausstellung, - M. Claude Mangen - Vize-President LEADER Lëtzebuerg West
    Usprooch, M. Claude Meisch - Ministre de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
    Usprooch, M. Romain Schneider - Ministre de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural
    Eirewäin

  • Studierees a Litauen18/09/2021

    Vum 13. - 16. September huet eng Studierees a Litauen stattfonnt.
    Verschidde SlowTrips Experiences si getest ginn:
    Salt Art Studio - Improvisatioun mat Salz (Salzkeramikworkshop)
    Magic of Metal - Visitt vun enger Schmëdd mat Informatiounen iwwert d'Metallgewënnung
    Visitt vun enger Sanddorn-Farm
    Gear to the past - eng Zäitrees op engem 200 Joer alen Haff mat Gebaier a Gefierer aus der Sowjet-Ära

  • Film: 30 Joer LEADER zu Lëtzebuerg 21/06/2021

    Innovativ Regionalentwécklung mat a fir eis Bierger - kuckt iech dëse flotte Film un, deen am Kader vun 30 Joer LEADER zu Lëtzebuerg realiséiert gouf. Esou kritt dir en Abléck, wéi eng flott Projeten an deene 5 LEADER Regiounen ëmgesat gi sinn.