Aktuelles

  • Réckbléck 202113/01/2022

    Hei e klenge Réckbléck op eis Aktivitéiten, Eventer a Projetsëmsetzungen 2021.

  • Schéi Feierdeeg 17/12/2021

    D'Membere vum Comité an d'Mataarbechterinne vu LEADER Lëtzebuerg West wënschen Iech schéi Feierdeeg.
    Eise Büro ass vum 20. -31. Dezember inclus net besat.
    Gären äntwere mir op Är Messagen no eisem Congé.

  • Projetsopruff fir déi nei LEADER Period - schéckt eis är Projeten nach bis de 15. Dezember 18/11/2021

    Är Iddien si gefrot fir d'Regioun weider ze entwéckelen. Kommt a sidd kreativ, an engagéiert iech fir eng méi innovativ a modern Regioun.
    Mir ënnerstëtze Projete finanziell mat engem max. Taux vun 80% an hëllefen iech och de Projet ëmzesetzen.
    All Iddi ass wëllkomm an hëlleft eis d'Weiche fir eis Strategie mat den Handlungsfelder fir d'LEADER Period 2023-2029 ze stellen.
    Zéckt och net eis ze kontaktéiere via Telefon: 26 61 06 80 oder Email: lw@leader.lu
    Hei fannt dir de Link fir de Formulaire:

  • News am transnationale Projet SlowTrips 18/11/2021

    Vum 19. - 22. Oktober huet eng Studierees an Italien stattfonnt.
    Verschidde SlowTrips Experiences si getest ginn:
    Abbazia di Montescaglioso
    Slow Product Wonder Grottole - Olive oil production
    Essenza Lucano – Museum
    Educational farm and cooking with grandmas

  • Jugendparticipatioun Stengefort - Jugend4room 18/11/2021

    Am Kader vum LEADER Biergerbedeelegungsprojet huet den 23. Oktober 2021 an der Aler Schmelz den Event Jugend4room stattfonnt.
    Um Programm stoung folgendes:
    gemeinsamt Mëttegiessen
    Jugend4room
    Open Space Diskussioun iwwer Themen aus der Ëmfro
    Virstellung vun de Resultater an der Iddi vun engem Jugendcafé zu Stengefort