Aktuelles

  • Opléisung a Gewënner vum Quiz am Regionalmagasinn n°2020/06/2019

    Hei déi glécklech Gewënner vum Quiz an der leschter Ausgab vum Regionalmagazinn n°20 mam Thema Waasser:
    Mme Anny Fischbach
    1te Präis: Corbeille aus dem Bieschbecher Atelier
    Mme Manon Falzani zu Stengefort
    2te Präis: 2 Dagesentréeën fir Sauna/Wellness an der Piscine Krounebierg
    Mme Frieda Vanderbeeken vu Bartreng
    3te Präis: 2 Dagesentréeën fir d‘ Piscine Krounebierg
    D'Léisung vum Quiz:
    Wéi heeschen déi 4 Flëss an eiser Regioun?
    D’Äntwert war natierlech: Attert, Uelzecht, Äisch a Mamer

  • Biergerbedeelegungsprojet Käercher Entdeckungspad - 4. Entrevue 17/06/2019

    De 14. Mee huet e weidere Workshop stattfonnt. D'Lynn Bintener vum ORT Zentrum/Westen huet d'Kritäre vun de "Kurze Qualitätswanderwege" erkläert. Duerno sin D'Erkenntnisser vum leschten Treffe rekapituléiert ginn an et huet een sech nach eemol op den Terrain gemach. Et ass zeréckbehale ginn, dass d'Eegentumsverhältnisser musse gekläert ginn. Eiert e weidert Treffe stattfënnt, organiséiert de LEADER-Büro zesumme mam Moderateur e Rendez-vous mat de Gemengeverantwortlechen.

  • Voyage d’études du 17 mai 2019 à Dehlingen en Alsace Bossue20/05/2019

    Un 2e voyage d’études dans le cadre du projet transfrontalier a eu pour destination le CIP La Villa (Centre d’Interprétation du Patrimoine archéologique) à Dehlingen ainsi que la villa gallo-romaine du Gurtelbach. Guidé par le président de la SRAAB (Société de recherche archéologique d’Alsace Bossue), le groupe a pu admirer un site archéologique comparable à celui de Goeblange: fouilles exécutées par une association en coordination avec les ministères respectifs et une villa découverte et sondée par un curé comme pour le site de Goeblange. La visite du CIP a permis de découvrir un autre concept de mise en valeur du patrimoine archéologique et de voir quels moyens peuvent être mis à disposition dans le cadre du développement rural. Des échanges avec Mme Thomann, directrice de la Vie culturelle & Familiale de l’Alsace Bossue, et M. Paquin, directeur Général des Services de la Communauté de communes, ont permis de créer des contacts prometteurs pour de futures coopérations sur les sites de Dehlingen, Mageroy et de Goeblange.

  • Neit Regionalmagasinn n°20 Fréijoer/Summer12/04/2019

    Viru kuerzem ass déi nei Editioun vum Regionalmagasinn LEADER Lëtzebuerg West erauskomm.
    De Schwéierpunkt vun dëser Ausgab läit um Thema Waasser.
    Speziell fir déi 20. Editioun vum Regionalmagasinn gëtt et och e klenge Quiz!
    ....

  • Pressekonferenz Projet "Fro de Bauer" 08/04/2019

    "Fro de Bauer" ass en interterritoriale Kooperatiounsprojet tëscht de LEADER-Regiounen Éislek, Mëllerdall a Lëtzebuerg West mam Zil De Schoulkanner déi modern Landwirtschaft ze erklären an méi no ze bréngen
    ...

  • Biergerbedeelegungsprojet Käercher Entdeckungspad - 2. Entrevue04/04/2019

    Den 2. Abrëll huet déi 2. Veranstaltung stattfonnt am Kader vum Biergerbedeelegungsprojet: Entdeckungspad Käerch.
    Dës Kéier goung et ëm d'Prioriséierung vun den Highlights, fir däitlech ze maache, wéi eng Statiounen aus Siicht vun de Bierger a Biergerinnen Deel vum Entdeckungspad soll ginn. Uschléissend gëtt een eischten Entworf ausgeschafft.
    Déi 3. Ronn fënnt den 29. Abrëll um 18:00 zu Käerch um Parking vun der Gemeng statt, wou et heescht e potenzielle Wee ofzegoen.