HistoSchool

HistoSchool

Wëllkomm op der Internetsäit vum Projet HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul.

Dës Säit riicht sech un d‘Léierpersonal vun de Grondschoulen. D'Theme sinn zesummen an Aarbechtsgruppen ausgeschafft ginn.

D’Dossiere mam Unterrechtsmaterial kënne gratis erofzeluede ginn.

Eng Selektioun pro Gemeng, Themegebitt a Cycle ass méiglech.

Fir all Fro oder Remark, wennt iech w.e.g. un eis:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

Atelier Mëttelalter

| Bytes
Herunterladen
Atelier Mëttelalter

De frommen Tom - en echte Simmer Ritter

pdf | 685.85 KB
Herunterladen
De frommen Tom - en echte Simmer Ritter

Kaart Gemeng Simmer

zip | 3.77 MB
Herunterladen
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen eppes iwwert d‘Geschicht vun der fréierer Gemeng
Simmer. Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et
an der Gemeng gëtt unhand vu klénge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/
innen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den
Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an
déi d‘Schüler kennen.
Kaart Gemeng Simmer

Lapbook Leben auf der Burg

zip | 66.82 MB
Herunterladen
Sammlung vun Inhalter iwwert d‘Buerg Simmer a seng Bewunner am 14. Joerhonnert. D‘SchülerInne vum Cycle 4
kennen unhand vum Material an den Informatiounen déi si an hirem Geschichtsunterrecht
léieren an an den Texter zur Aktivitéit fannen, e „Lapbook“ iwwert d‘Roll vum Ritter an der
Buergfra am Mëttelalter zesummestellen. Dëst mat konkretem Bezuch zur Uertschaft Simmer.
Lapbook Leben auf der Burg

Modell Mierscher Schlass

zip | 37.9 MB
Herunterladen
D‘SchülerInne vum Cycle 4 kënne mat dësem Fichier selwer e Modell vun Mierscher Schlass zesummebastelen.
Et gëtt eng Ausféierung féodal an eng contemporain. De Modellbau gouf unhand vu verschiddener Quellen zesummengestallt. De Modell ass am Moossstaf vun ongeféier 1:20.
An enger uschléissender Diskussioun kann een Austausch iwwert déi architektonesch Entwécklung, d'Geschicht an d'Schlasshäre stattfannen.
Modell Mierscher Schlass

Theaterstück Fremde in Simmern

zip | 5.48 MB
Herunterladen
Geschicht iwwert dat soziaalt Liewen an engem klengen Duerf. Dat Ganzt ass als Theaterstéck
opgesat dat ee ka mat enger Klass vu bis zu 20 a méi SchülerInnen opféieren. D‘Haaptpersonnagë
sinn déi Figuren déi schonn aus der Geschicht „Beim Wäschbuer“ aus dem C1 bekannt
sinn. D‘Theaterstéck réit sech an an déi aner Aktivitéiten déi am Kader vum Projet HistoSchool
iwwert Simmer an d‘Buerg ausgeschafft goufen.
Theaterstück Fremde in Simmern