HistoSchool

HistoSchool

Wëllkomm op der Internetsäit vum Projet HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul.

Dës Säit riicht sech un d‘Léierpersonal vun de Grondschoulen. D'Theme sinn zesummen an Aarbechtsgruppen ausgeschafft ginn.

D’Dossiere mam Unterrechtsmaterial kënne gratis erofzeluede ginn.

Eng Selektioun pro Gemeng, Themegebitt a Cycle ass méiglech.

Fir all Fro oder Remark, wennt iech w.e.g. un eis:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

D'Geheimnis vum Gréiweschlass

pdf | 5.03 MB
Herunterladen
D'Aktivitéit ass recommandéiert fir d‘Cyclen 1-2.
D'Geschicht mëcht d'Schüler mat historeschen Informatiounen a Legende rondrëm d'Käercher Gréiweschlass an d'Liewen am Mëttelalter vertraut.
Se ass einfach opgebaut a kann als Virliesgeschicht benotzt ginn. D‘Illustratiounen weise wat an der Geschicht geschitt.
D'Geheimnis vum Gréiweschlass

Kaart Gemeng Simmer

zip | 3.77 MB
Herunterladen
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen eppes iwwert d‘Geschicht vun der fréierer Gemeng
Simmer. Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et
an der Gemeng gëtt unhand vu klénge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/
innen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den
Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an
déi d‘Schüler kennen.
Kaart Gemeng Simmer