Regionalmagasinn n°18 Fréijoer/Summer 2018

09/05/2018

Dat neit Regionalmagasinn Fréijoer/Summer 2018 steet ënnert dem Motto Wanderen. Den touristesche LEADER-Projekt Westtrails beschäftegt sech mat den Auto-Pédestres an den nationale Wanderweeër an der Regioun. De Lieser gëtt iwwert déi geplangten Ännerungen a Kenntnis gesat. Et gëtt en Echantillon presentéiert vu flotte Wanderweeër aus der Regioun, en Interview vun engem Wanderfachmann, esou wéi e puer praktesch an allgemeng Infoen zum Thema Wanderen. Desweidere geet et ëm den Trend Geocaching.
Kleng Neiegkeete liest een an der Rubrik Dëst an Dat. E Veranstaltungskalenner vun Evenementer aus der Regioun fënnt een op de leschte Säiten.

D’Regionalmagasinn gëtt zweemol am Joer vun der Lokaler Aktiounsgrupp LEADER  Lëtzebuerg West erausginn an un all Haushalt an der Regioun verdeelt. Wien net an der Regioun wunnt, kann de Magasinn am LEADER Büro bestellen oder online op  www.letzebuergwest.lu liesen.

LEADER Lëtzebuerg West 1, rue de l’Eglise L-7481 Tuntange
T : 26 61 06 80 E : lw@leader.lu